Wichtege Sécherheetshiweis

Besëtzer vu Wénkelschläifere vun de Serië GWS 20, GWS 22, GWS 24, PWS 20, PWS 1900 a PWS 2000 aus dem Produktiounszäitraum Juni bis August 2016 esouwéi vum Modell GWS 24-230 JVX Professional mat Brems aus dem Produktiounszäitraum Februar bis Oktober 2016 gi gebieden, Folgendes ze beuechten. Dës Apparater däerfe vun elo un net méi benotzt. Ënner folgendem Link fannt Dir de Sécherheetshiweis.

Esou iwwerpréift Dir, ob Äre Wénkelschläifer betraff ass:

1. Iwwerpréift, ob Dir en Apparat vun de betraffene Modeller hutt:

Folgend Modeller kënne betraff sinn: In Russland gefertigte Geräte der Serien GWS 20, GWS 22, GWS 24, PWS 20, PWS 1900 und PWS 2000. Welches Modell Sie haben, können Sie direkt am Gerät ablesen (wo genau, sehen Sie im folgenden Bild).

Wann Dir en Apparat vun den opgelëschte Modeller hutt, kéint Ären Apparat betraff sinn. Fir dëst ze préiwen, fuert w. e. g. mat Schrëtt 2 fort. Wann Ären Apparat zu kenger vun dëse Modeller gehéiert, dann ass Ären Apparat net betraff. WICHTEG: Besëtzer vum Modell GWS 24-230 JVX Professional mat Brems, deenen hir Wénkelschläifer ongeuecht vum Produktiounszäitraum tëschent Januar an November 2016 reparéiert goufen, solle op jiddwer Fall direkt Kontakt mat eiser Servicehotline ophuelen.

2. Iwwerpréift, ob Ären Apparat betraff ass:

Drot w. e. g. d'Apparats- a Seriennummer vun Ärem Wénkelschläifer an de folgende Préifformulaire an. Wou Dir dës op Ärem Apparat fannt, gesitt dir am folgende Bild opgewisen. Beuecht w. e. g., datt béid Felder ausgefëllt musse ginn.

Eis gratis Servicehotline ass ewéi follegt erreechbar: 00800 83 646 704

Méindeg bis Freideg, 08:00 bis 20:00